Sport Livestreams für Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, Champions League, Europa League, NFL, NBA & Co.
Jetzt neu und kostenlos: Sport Live bei radio.de. Egal ob 1. oder 2. deutsche Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, UEFA Fußball Europameisterschaft, UEFA Champions League, UEFA Europa League, Premier League, NFL, NBA oder die MLB - seid live dabei mit radio.de.
"RSE by design" sinn, dat ass d'Zil vu Post Luxembourg – an dozou gehéiert den Numérique responsable.
Dës Episod dréit sech also ëm de verantwortungsvollen Ëmgang mat digitalen Technologien. Vum éischten Apple Certified Repair Center an Europa bis op bei e méi inklusive Service Client : Den Direkter vu Post Telecom Cliff Konsbruck erzielt, wat Post ënnerhëlt, fir hir Offer esou nohalteg wéi méiglech ze maachen.
Post gesäit seng Responsabilitéit awer och am Sensibiliséieren. Dofir hunn si virun e puer Méint ee Workshop organiséiert, bei deem Mataarbechter*innen a Partner invitéiert waren. De Vincent Courboulay, Co-Founder an Directeur scientifique vum Institut du Numérique Responsable a Frankräich, an de Jules Delcon, dee beim belschen Equivalent schafft, waren dofir zu Lëtzebuerg. Si hunn erkläert, wéi een déi ökologesch a sozial, positiv an negativ Impakter vun dësem wichtege Sujet verstoen a moosse kann, ma och wéi een dozou bäidroe kann, méi nohalteg mat digitalen Technologien ëmzegoen.
--------
20:55
#7 POST4Kids goes Mini-Lënster
An dësem Episod geet et ëm POST4Kids. Hei gëtt POST Luxembourg sech als Missioun, d'Kanner an hir Elteren z'informéieren, ze sensibiliséieren an ze begleeden. Mir schwätze mam Luise Dombrat, wat fir de Service Communication – Direction Ressources humaines, Relations publiques et RSE vu POST schafft a fir POST4Kids zoustänneg ass, a begleede si a seng Ekipp um Mini-Lënster, eng Kannerspillstad, déi all 2 Joer wärend zwou Wochen zu Jonglënster stattfënnt a wou POST dëst Joer 2 Workshops gehal huet.
Op der Plaz hu mer och mat den Organisateure vum Event Christian Treitz a Charly Schmitt vun der Paiperlek Asbl geschwat, mat Formateure vu POST Technologies a mat Kanner, déi bei engem vun de POST Workshops matgemaach hunn.
--------
18:16
#6 De Colis vu muer
D'Globaliséierung an de Fakt, dass mir e Produit, dee sech entweder hei oder an engem ganz anere Land befënnt, kuerzfristeg an der Hand wëllen hunn, bréngt nei Erausfuerderunge mat sech, fir déi konstant innovativ an nohalteg Léisunge musse gesicht ginn. Den Direkter vu POST Courier a Logistics Mario Treinen gëtt eis een Abléck, wéi sech dësen Domaine an de leschte Joren entwéckelt huet a wéi si verstäerkt nach méi lokal wëllen agéiere mam Zil, den ökologesche Foussofdrock ze verkléngen. An dësem Weiderentwécklungsprozess huet POST Student*innen aus dem Arts et Métiers matagebonnen.
Den Talenthub vum Lycée des Arts et Métiers huet am Kader vun hirer Power Week zesumme mat POST een Hackathon organiséiert, bei deem Student*inne vun de BTS’en Léisungen entwéckelt a virun der Direktioun vu POST gepitcht hunn. Encadréiert goufen d’Student*inne vum Patrick Reisdorff, Member vum Post Innovation Support Team. Säitens dem Arts et Métiers betounen den David Reinartz, stellvertriedenden Direkter an de Benoit Fortemps, Coordinateur vum Talenthub, wéi wichteg esou Kollaboratioune fir d'Schoul sinn.
--------
18:00
#5 Digital Accessibilitéit
An dësem Episod geet et ëm d’Inclusioun an dat direkt op zwee Niveauen. Mir schwätze mam Sascha Lang iwwert déi digital Accessibilitéit. POST Luxembourg ass schonn e puer Joer amgaangen hir Internetsitten ze reforméieren, sou d’Audrey Nykolak, si ass Lead UX Design bei POST. Am zweeten Deel geet et ëm déi sougenannt "communication responsable". De Nicolas Perdrix, Generaldirekter vun der Agence Sidièse ënnersträicht, wéi wichteg eng RSE-Strategie fir eng Entreprise respektiv Institutioun hautzedaags ass a wéi sou eng Transitioun idealerweis kann ëmgesat ginn, ier d’Anne-Sophie Diard, Responsabel fir d’Publicitéitscampagnë bei POST, eis um Beispill vun der Campagne Eboo erkläert, firwat si bewosst net mat professionelle Schauspiller*inne geschafft hunn.
--------
20:02
#4 Aarbechtskleedung vu Fairtrade zertifiéiert
Eng gutt 50 Prozent vun der Aarbechtskleedung fir d'Bréifdréier*innen a Mataarbechter*innen aus dem Verkafsréseau bei POST Luxembourg kënnt aus dem fairen Handel an ass vu Fairtrade zertifiéiert. An dësem Episod erzielt eis de Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg, wéi et zu der Zesummenaarbecht mat POST koum a mir léieren de Karel Lambert vum Kleederbuttek Akabo kennen, dee sech scho säit Jore fir Fair Fashion hei zu Lëtzebuerg asetzt. Virdru gëtt eis den Italo Garofoli, Chef de Service du Réseau de Vente vu POST Courrier een Abléck, wéini POST mam Prozess Kleedung fir hir Leit no de Critèrë vum fairen Handel ze bestellen ugefaangen huet a wat d’Zil fir déi nächst Joren ass.
An enger globaliséierter Welt op sozialem, wirtschaftlechem an ökologeschem Niveau verantwortungsvoll z'agéiere sollt net nëmmen eleng d’Aufgab vu Bierger a Biergerinne sinn, mee och vun Entreprisen. Aus deem Grond entwéckelen ëmmer méi Betriber hir eegen RSE-Strategie. E Podcast iwwert d'Kreeslafwirtschaft, déi finanziell an digital Inclusioun, an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.