Sport Livestreams für Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, Champions League, Europa League, NFL, NBA & Co.
Jetzt neu und kostenlos: Sport Live bei radio.de. Egal ob 1. oder 2. deutsche Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, UEFA Fußball Europameisterschaft, UEFA Champions League, UEFA Europa League, Premier League, NFL, NBA oder die MLB - seid live dabei mit radio.de.
FESTIVAL SEASON IS ON!Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun.De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen op der Bün an hannert der Bün méi z'ënnerstëtzen an och wat sou d'Challenges si beim Opbau vun engem Festival. natierlech verroden si eis och wéi eng Acts dëst Joer dobäi sinn a wourop een sech nach alles freeë kann. Lauschtert erann a loosst gären eng Bewertung do! Fir de Recht: Mir gesinn eis um Festival :)
--------
37:48
#56 LOIVOS - E Bléck an d'Band
Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe!
Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op:
30.12.2024 Rocas (Luxembourg)
25.01.2025 La Chouée (Metz)
05.03.2025 MK Bar (Belval)
09.08.2024 Klierf
Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch!
Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi
--------
43:22
#55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset?
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
--------
39:07
Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia
Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran.
Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale.
An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz D'Onghia vun der Ligue Santé Mentale, deen op Suizid-Präventioun spezialiséiert ass. Suizid ass awer net den Haapt Topic iwwert de mir schwätzen - mir thematiséieren, wéi déi verschidde Generatioune mental Gesondheet wouerhuelen.
Et gi vill Klischeeën, datt d'GenZ als "Snowflakes" bezeechent ginn, well si anscheinend ze vill op hir mental Gesondheet oppassen. Op der anerer Säit gëtt gesot, datt d'Baby Boomers sech guer net drëm këmmeren. Mir klären d'Klischeeë ronderëm dëst Thema op a maachen op d'Semaine de la Santé Mentale opmierksam.
Lauschter, oder kuck eran! Wann's du nach Froen un de Fränz hues, da mell dech bei der ligue Santé Mentale op Instagram .
méi Informatioune zu den Events déi vum 7.-20. Oktober stattfannen fënns du op https://www.semainesantementale.lu.
Villmools Merci un d'Ligue Santé Mentale a fir déi wichteg Aarbecht déi si leeschten!
--------
32:06
#54 Jill Lallemang - GenZ vs Millenial
Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech méi mam Jill, da bass de éischter Team Millennial; wanns du dech awer éischter mat mir identifizéiers, da bass de wahrscheinlech ee Gen Z. A wanns de dech mat kengem vun eis identifizéiers, da bass de héchstwarscheinlech ee Boomer. An dat ass och okay. Anywas: Falls du d'Jill nach net kenns, kenns du vläicht seng Stëmm. Hat ass nämlech Co-Host vum Paus Podcast an Host vum Onbekannt Podcast zesumme mam Journal. Hat huet vill z'erzielen! Lauschter eran – et si spannend Themen dobäi!
Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)