Sport Livestreams für Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, Champions League, Europa League, NFL, NBA & Co.
Jetzt neu und kostenlos: Sport Live bei radio.de. Egal ob 1. oder 2. deutsche Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, UEFA Fußball Europameisterschaft, UEFA Champions League, UEFA Europa League, Premier League, NFL, NBA oder die MLB - seid live dabei mit radio.de.
Annick Goerens: Et sinn onroueg Zäiten, mee dat ass kee Grond ze hyperventiléieren, 08/05/2025
An Däitschland an allgemeng uechter Europa gouf e Mëttwoch vill iwwer d'Wal vum Friedrich Merz debattéiert, dee jo eréischt beim zweeten Ulaf als neie Bundeskanzler confirméiert gouf. Vu Staatskrisen, Blamage an Apokalyps war rieds uechter d'Medien, mee fir eis Journalistin Annick Goerens war dat keen Drama, mee just gelieften Demokratie. Keen Grond deemno ze Hyperventiléieren
--------
Roy Grotz: Äddi Debattekultur - Wëllkomm Kommunikatioun sur mesure, 06/05/2025
Dee mat senger Meenung an d'Press geet, muss riskéieren, eng kleng Lëftchen oder awer e Stuerm vu Reaktiounen ze provozéieren. Sou ass dat - sou war et nach ëmmer an et ass och net anescht, wann een "en public", vu Chambertribünen erof, um Comptoir, bis hin op Theaterbüne seng Meenung haart an däitlech deklaméiert. Schwiereg gëtt et, wann de Kapp an de Sand gestach gëtt a sech Protagoniste vun Neiegkeete verstoppen - de Roy Grotz weess, vu wat hie schwätzt...
--------
François Aulner: E Ring mat 3 Spuere ronderëm d'ganz Stad, 29/04/2025
De Parking um Héienhaff um Sennengerbierg ass elo op, mat bal 500 Parkplazen. Am Commentaire fënnt de Fränz Aulner dat "schéin a gutt". Hie fäert awer, datt et an Zukunft nach méi Blechlawine ronderëm an an der Stad wäerte ginn. Als Léisunge gëtt et a sengen A just: net méi wuessen, oder méi Wunnengen an Infrastruktur bauen. Dorënner e ganze Ring mat 3 Spuere ronderëm d’Stad.
--------
Pit Everling: Pontifikat vum Poopst François: éischt wichteg Schrëtt, mä keng Revolutiounen, 24/04/2025
D'Trauer zu Roum ass grouss. De Poopst François ass op Ouschterméindeg gestuerwen a gëtt e Samschdeg begruewen.
De Jorge Mario Bergoglio huet d'Kierch positiv verännert, trotzdeem ass de Bilan net just positiv. De Pit Everling huet sech Gedanke gemaach.
--------
2:30
Claude Zeimetz: D'Handyverbuet wäert net all Problemer léisen, 22/04/2025
Vun haut un ass also den Handy an der Grondschoul an an de Maison-relaise strikt verbueden. No der Péngschtvakanz zéien d'Lycéeën no. D'Mesure gëtt allgemeng begréisst. Ma fir de Jonken hiert Wuelbefannen an hir Entwécklung wierklech ze verbesseren, braucht et méi wéi manner Zäit virum Ecran an der Schoul. E Commentaire vum Claude Zeimetz.