Partner im RedaktionsNetzwerk Deutschland
PodcastsTrue CrimeLoscht op Mord

Loscht op Mord

Charel Krier, Julie Gerard
Loscht op Mord
Neueste Episode

Verfügbare Folgen

5 von 102
  • Episod 102 - De Fall Pelicot
    Am Joer 2020 ass de systematesche Mëssbrauch um Gisèle Pelicot duerch hire Mann opgeflunn. Hei war allerdéngs net nëmmen dem Gisèle säi Mann als Täter verantwortlech, mee iwwer 50 weider Täter waren dodru bedeelegt a géint si goufen och Plainte gemaach. D'Gisèle wollt, dass de Prozess ëffentlech gemaach gëtt, well esou wollt si allen Affer weisen, dass een sech als Affer vun engem Mëssbrauchsfall net ze schumme brauch. De Feeler läit beim Täter a net beim Affer. Dëse Prozess gëtt zu engem risege Prozess mat iwwer 50 Persounen, déi mat Plainte musse rechnen. Dorënner och den Dominique Pelicot, deen seng Fra reegelméisseg ënner Droge gesat huet an si den Täter ugebueden huet. Alles zum Fall an der neier Episod Loscht op Mord.
    --------  
    58:55
  • Episod 101 - Geplatzten Dram an Norwegen
    Am Joer 2008 wanderen den Thomas an d'Agnes mat hire béide Kanner an Norwegen aus. Hei wëllen si sech en neit Liewen opbauen. Dëst klappt och relativ gutt, den Thomas an d'Agnes fannen nei Jobs, si kafen een Haus an de Kanner geet et gutt. Mee d'Agnes huet seng Schwieregkeete mam Führerschäin, mat der Sprooch an ass net méi sou glécklech do. Dëst alles féiert dozou, dass hatt erëm an Däitschland wëll auswanderen, den Thomas wëll dat awer net. Sou kennt et, dass ëm Ouschteren d'Agnes verschwënnt a kuerz drop gëtt seng Läich an engem Fjord fonnt. Wéi ass et zu dësem Doud komm? Dat gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.
    --------  
    35:41
  • Episod 100 - Mord am Schlof?
    De 16. Januar 1997 gëtt den Noper vun der Famill Falater duerch Kaméidi a Jäize wakereg. Wéi Dësen dann iwwert d'Clôture bei d'Nopere kuckt, gesäit hie Schréckleches. Den 41 Joer ale Scott Falater bréngt seng Fra am Gaart ëm. Mee wéi d'Police kennt kann de Scott sech un näischt erënneren? Alles déit op Schlofwandelen hin. Mee ass dat et wierklech de Fall? Oder ass dat nëmmen eng ausgefalen Ausried? Alles an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    --------  
    47:54
  • Episod 99 - De Fall Sarah H.
    Am Summer 2016 gëtt d Police geruff well ee Mann moies um 6 Auer plakesch Trompet am Gaart spillt. Dëse Mann ass keen Onbekannten, d'Nopere ruffen ëmmer rëm mol d Police wéinst dem Axel G. Mee wéi d'Beamten dës Kéier bei d'Haus kommen, ass et anescht wéi soss, et sténkt, all Fënster an d'Dier stinn op an et sténkt extrem. Am Buedzëmmer fannen se dann eng Läich, d'Iwwerreschter vum Sarah H. Wien ass d'Sarah H.? Firwat ass hatt dem Axel G. zum Affer gefall? A wien ass den Axel G.? Wat huet hien zu dëser Dot gedriwwen? Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.
    --------  
    56:48
  • Episod 98 - D'Ragdoll an de Syko Sam
    Am September 2009 trëfft d'Ragdoll endlech op de Syko Sam. Si hunn sech online op MySpace kenne geléiert a schonn zënter engem Joer chatten an telefonéieren déi Zwee mateneen. D'Emma, dat sech online Ragdoll nennt, ass dann awer séier vum Syko Sam, dee gebierteg Richard heescht, enttäuscht. An vun der online Léift ass net méi vill do. Dat mierkt de Richard och an et gesäit een him d'Roserei an d'Enttäuschung séier un.
    --------  
    52:06

Weitere True Crime Podcasts

Über Loscht op Mord

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
Podcast-Website

Hören Sie Loscht op Mord, Mordlust und viele andere Podcasts aus aller Welt mit der radio.de-App

Hol dir die kostenlose radio.de App

  • Sender und Podcasts favorisieren
  • Streamen via Wifi oder Bluetooth
  • Unterstützt Carplay & Android Auto
  • viele weitere App Funktionen
Rechtliches
Social
v7.17.1 | © 2007-2025 radio.de GmbH
Generated: 5/9/2025 - 9:31:47 AM