Sport Livestreams für Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, Champions League, Europa League, NFL, NBA & Co.
Jetzt neu und kostenlos: Sport Live bei radio.de. Egal ob 1. oder 2. deutsche Fußball Bundesliga, DFB-Pokal, UEFA Fußball Europameisterschaft, UEFA Champions League, UEFA Europa League, Premier League, NFL, NBA oder die MLB - seid live dabei mit radio.de.
Episod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY?
Et ass souwäit: GTA 6 gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!
--------
1:09:38
Episod 96: Ass MARATHON e Sprint? STAR CITIZEN e Marathon?
BUNGIE huet endlech hiert neit Spill revealed, an d'Reaktioun ass en euphoresche "meh". Dem Petz säin Häerz schléit héich well de Mike STAR CITIZEN gespillt huet. Ausserdem gëtt et eng kleng Review zum momentane Stand vun Geforce NOW, NVIDIA hierem Cloud-Gaming. Vill Spaass a bis geschwënn!
--------
1:06:35
Episod 95 - NINTENDO DIRECT-ly to your wallet
D'Jonge vu Gamer Things huelen sech déi ganz Nintendo Direct ënnert d'Loup: ass se vill besser? Sinn d'Spiller derwäert? Wéi innovativ war de japaneschen Hiersteller bei senger neitster Kreatioun? Dat an nach vill méi an der neier Episod vu Gamer Things.
No laangem Waarden ass et endlech souwäit, den neien ASSASSINS CREED ass do. Wéi gutt gefällt en eise Gaming-Jongen an ass d'Spill wierklech ze WOKE? Ausserdem beschäftegen si sech mam Sony KI-Leak: wat u sech just eng kleng Meldung zum Sony KI-Leaks ass, entwéckelt sech zu enger méi breeder Diskussioun iwwert déi rapid Entwécklunge vun der kënschtlecher Intelligenz an all hir Facetten an eisem Liewen.
De Petz huet och Gebuertsdag a gëtt ural. Mat Chance (an engem staarke Brëll) erkennt en nach deng Wënsch déi s du him kanns hannerloossen :D
--------
1:11:53
Episod 93 - MONSTER HUNTER WORLDS A BATTLEFIELD 6 LEAKS
De Mike schwärmt iwwert den neie Monster Hunter Worlds wéi soss nëmme frësch verléiften Teenager et maachen. Natierlech kommen eis Jongen och net laanscht de Battlefield Gameplay deen dës Woch geleaked gouf. A wie bis zum Schluss bleift, dee kritt dee villäicht gréisste Konflikt an der Geschicht vu Gamer Things mat.
Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen.
Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.